Walk for Nepal


Event Details


Dëst Joer féiert eis de Walk for Nepal an déi schéi Muselgéigend.

Zesumme sammele mir Suen, fir d’Projete vun der ONGD-FNEL am Nepal ze ënnerstëtzen.

Du sichs der selwer deng Sponsoren eraus, déi pro vun dir getrëppeltem Kilometer oder einfach e fixe Betrag un d’ONGD-FNEL spenden.

Du kanns selwer decidéieren, wéini s du ufänks a wéi vill Kilometer s du trëppele wëlls.

Maach also deng Biergschung prett a komm mat!

  • Depart: 17.05.2026 beim Home St. Jean-Baptiste Ohn
    • éischte Start: 7:00
    • leschte Start: 15:00
  • Wou ass d’Aktivitéit: Home St. Jean-Baptiste Ohn, 14 rue de la Résistance, Ohn
  • Retour: 17.05.2026 ofhängeg vum Depart an der gewielter Distanz beim Home St. Jean-Baptiste Ohn
  • Präis: 10€, ze iwwerweisen op de Kont “FNEL Scouten Programme” LU95 0030 0457 4525 6000
  • Aschreiwung: bis den 10.05.2026 iwwert dëse Link
  • Material: Alles, wat s du fir ze trëppele brauchs

error: Content is protected !!