Trëppele fir e gudden Zweck
Looss der deng Kilometer bezuelen a spent un d’ONGD.
Tëschent 5 a 50 km, du entscheets wéi wäit dass de gees!
Distanzen: Et gi 4 verschidde Weeër (5, 10, 15, 20 km) déi entweder eenzel oder kombinéiert getrëppelt kenne gi. Start ass Schluss ass ëmmer beim Fräiheetsbam.
Wéi gëtt gespent? Zil ass et Sponsoren ze sichen déi fir dech/deng Ekipp Suen un d’ONGD spenden. Si kënnen entscheeden ob si eng gewëssen Zomm pro getrëppelte Kilometer oder eng fix Zomm spenden.
No der Umeldung kritt dir e PDF geschéckt wou dir des Sponsoren androe sollt an eis bis spéitstens de 17. Abrëll per Mail op rover@fnel.lu oder tembo@fnel.lu zréck schécke sollt.
Nom Trëppeltour kritt dir vun eis eng Lëscht wie wéi vill Sue spent. Déi néideg Informatioune fir ze spende fënns du dann och op deem Ziedel.
Programm beim Fräiheetsbam: De ganzen Dag iwwer wäerten zousätzlech Ateliere beim Fräiheetsbam ugebuede ginn déi ee ka maache wann een es genuch vum trëppelen huet. Ausserdeem gëtt de ganzen Dag gegrillt a Gedrénks aus der Buvette zerwéiert.
- Depart: 15.04.2024 beim Stroossener Fräiheetsbam; fréiste Start ass um 7:00 moies
- Wou ass d’Aktivitéit: Stroossener Fräiheetsbam
- Retour: 15.04.2024 beim Stroossener Fräiheetsbam; um 19:00 soll jiddereen ukomm sinn
- Präis: 10€ op de Kapp ze iwwerweisen op de FNEL Programme Kont LU95 0030 0457 4525 6000. Hei ass e Moies- & e Mëttegiessen + 1 Gedrénks esou wéi Waasser & Uebst à gogo mat dran. De ganzen Dag iwwer kënnt dir weidert Iessen a Gedrénks kafen. Den Erléis heivu gëtt och gespent.
- Aschreiwung: bis de 15.04.2024 iwwert dëse Link. Dir kënnt iech entweder eleng oder als Clan umellen a selwer entscheede wei wäit dir plangt ze trëppelen a wéini dir starte wëllt. Natierlech kennt dir den Dag selwer awer nach är Distanz upassen.