Relax Dax

Mir invitéieren Iech häerzlech op eise Relax Dax. E gemittlechen Owend mat Iessen, Gedrénks an Animatioun fir d'Scoutsjoer zesummen ofzeschléissen. Dëse fënnt de 27.06.2026 ab 16:00 statt.

Léif Elteren a Frënn vun den Dachsen,

Dir sidd häerzlech op eist Joersofschlossfest agelueden! Kommt laanscht fir e gemittlechen Nomëtteg mat Gegrills, Gedrénks a Cocktails a fir ze gesinn, wat d’Kanner bei de Scouten alles maachen.

Et gëtt en entspaanten Dag mat flotten Challengen, wou Kanner géint Elteren a Frënn untriede kënnen. Spaass fir Grouss a Kleng ass garantéiert.

D’Kanner komme wéi gewinnt um 14:00 Auer an d’Versammlung.

Ab 16:00 Auer trieden d’Familljen a Frënn géint d’Kanner a verschiddenen Challenges un. Et gëtt och e klenge Präis ze gewannen!

Dir kënnt Iech als Ekipp umellen. Wann Dir net genuch Leit sidd, ass dat kee Problem, mir setzen d’Ekippen op der Plaz zesummen. Natierlech kënnt Dir och einfach laanschtkommen, ouni matzespillen.

Fir eis Planung biede mir Iech, de Formulaire auszefëllen:

Dir kënnt iech als Challenger, dat als ganz Ekipp (tëscht 4 a 7 Persounen) oder individuell umellen. Dir kënnt iech och als Visiteur umellen.

Den Umeldungsdelai ass den 26.06.2026.