Tembo Dag


Event Details


FNEL TEMBO DAG 15.-16. ABRËLL 2023 GRILLEN | FRËNN | BADGER | SPILLER RDV: MISÄRSHAFF (15.4. UM 16H00) Umeldung & méi Infos: https://forms.gle/uR2gziZV4T7enGsr6

Als Tembo hues du schonn esou vill Scoutseventer fir aner Leit geplangt, datt ee séier vergësst, wéi et ass selwer Participant ze sinn. Dofir ass den Tembo Dag fir dech do! Komm also fir een oder zwee Deeg op de Misärshaff a léier wat et heescht d’Tembo-Liewen ze genéissen.

Programm: Um Programm steet Iessen, al Scoutstechnike rëm entdecken, Tembo Badger kenne léieren, Spiller (Wikingerschach, Spike Ball, Corn Hole) an natierlech al an nei Frënn erëm gesinn!

Wéini: Den Tembo Dag zitt sech iwwer zwee Deeg. Du kanns schonn ab e Samschden, (15.04 ab 16h00) derbäi sinn oder och nëmme Sonndes (16.04. ab 10h00) kommen.

Kanner: Tembo déi hier Kanner (ënner 12) matbrénge wëllen, kënnen dat gäre maachen. Fir Animatioun fir jonk an al ass gesuergt!
error: Content is protected !!