Léif Explorer, léif Rover,
Eng grouss Katastroph ass geschitt, mee leider konnte mir d’Fantastic Four net erreechen.
Elo mussen d’Ersatzhelden an den Asaz: de Laange Larry, déi bal onsiichtbar Madamm, de mënschleche Fixspoun an den Déngens.
Bass du prett, hinne bei de schwéieren Aufgaben ze hëllefen, déi op se duerkommen?
Lénks Patt,
d’Explorer- an d’Rovercheffen
- Depart: 06.12.2025 um 10:00 beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
- Retour: 06.12.2025 um 22:00 beim Scoutshome
- Präis: 10€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 29.11.2025 per E-Mail un rover@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Picknick fir mëttes