Léif Rover an Tembo,
An der verschneiter Wildnis läit e geheime Labo. Hei kënnt normalerweis ni een eran oder eraus – bis virun zwou Wochen.
Elo ass e grousst Lach am Zonk an et féiere Spueren eraus. Wat huet sech do nëmmen duerch d’Bascht gemaach? Hoffentlech näischt Geféierleches …
Kommt mat eis – wann der iech traut!
Fir déi méi fäertereg ënnert eis gëtt et dat traditionellt Rover-Tembo-Iessen de 27.12.2025 owes. Dir kënnt ab 18:00 kommen.
- Depart: 27.12.2025 um 10:00 beim Home vun de CBDM
- Wou ass d’Aktivitéit: Home vun de CBDM, 38A rue des Celtes, Lëtzebuerg
- Retour: 28.12.2025 um 12:00 beim Home vun de CBDM
- Präis: 25€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 20.12.2025 per E-Mail un tembo@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Alles, wat ee fir e Weekend brauch