Léif Rover an Tembo,
No engem Joer Paus ass en endlech erëm do: de Rover-Tembo-Krimidinner.
Och dës Kéier sidd dir selwer erëm als Schauspiller matten an der Aktioun a musst probéieren, de knifflege Fall ze léisen. Donieft kritt dir natierlech e mäerderesch gudde Menü vun eiser Fënnef-Stäre-Kichen zervéiert.
D’Thema vum Krimidinner bleift natierlech nach geheim.
Méi Informatiounen zu ärer Roll an dem Material (Verkleedung) kritt dir am Viraus vun eis.
Mellt iech séier un, fir datt mir wëssen, mat wéi ville Matspiller mir plange mussen.
Lénks Patt,
Är Rover- an Tembocheffen
- Depart: 07.03.2026 um 19:00 beim Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
- Retour: 07.03.2026 um 23:00 beim Scoutshome
- Präis: 15€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis den 01.03.2026 per E-Mail un rover@dachsen.lu oder tembo@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn