Iron Scout
Trëppele fir e gudden Zweck
Wëlls du deng kierperlech Limitten testen an iwwert dech eraus wuessen?
Dann ass den Iron Scout genau richteg. Dëst ass en Event, organiséiert vun den LGS. Hei hues du 24 Stonnen Zäit 65km ze trëppelen. Du kanns dir op dëser Stréck däin eegent Zil setzen. 30, 40, 50 a 65km gi mat engem Badge belount.
Dëst ass awer och fir ee gudden Zweck. Du kanns dir am Virfeld Sponsore sichen, déi eng Promesse pro getrëppelte Kilometer maachen.
Dëst Joer ginn d’Spenden un d’Nadiezhda ASBL, eng Lëtzebuerger Vereenegung, déi d’Schoulbildung vu jonke Meedercher a Madagaskar fërdert.
Ass dat eppes vir dech? Da mell dech un 🙂
Genau Infoe kritt der no der Umeldung geschéckt.
- Depart: 10.04.2026
- um 16:30 beim Scoutshome
- um 18:00 beim Hall polyvalent “Am Pëtz”, 31 am Pëtz, Wegdichen
- Wou ass d’Aktivitéit: ronderëm de Stauséi
- Retour: 12.04.2026
- um 11:00 beim Hall polyvalent “Am Pëtz”, 31 am Pëtz, Wegdichen
- géint 12:00 beim Scoutshome
- Präis:
- 40€ ouni T-Shirt
- 60€ mat T-Shirt
- Aschreiwung: bis de 15.03.2026 per E-Mail un rover@dachsen.lu oder ironscout@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: gutt Biergschong déi scho gutt agetrëppelt sinn, Wanderstrëmp, Schlofsak & Carry-Mat (mir schlofen an enger Hal), opgelueden Täscheluucht oder Kappluucht, Gamell & Becher, gefëllte Bidon, eng giel Sécherheetswest, Wäsch-Trousse & Medikamenter, an dem Wieder ugepasste Gezai