Krimidinner
Sortie
E Mord, vill Verdächteg an een exquisitt Iessen…
Léif Scouten, bei eisem nächste Krimidinner geet et ëm eng spannend Geschicht, vill Geheimnisser an e köstleche Menü.
Kanns du de Fall léisen?
Sécher dir eng Plaz a komm mat op e Rätsel voller Spannung, Laacher an Appetit.
Mir freeën eis op dech!
- Depart: 21.11.2026 um 19:00 am Scoutshome
- Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
- Retour: 21.11.2026 géint 23:00 am Scoutshome
- Präis: 25€, ze iwwerweisen
- Aschreiwung: bis de 14.10.2026 per WhatsApp “Dippecher Dachsen Gruppenchat” oder beim Eric Fürst, an d’Souche um Rendez-vous ofginn
- Material: Der Aktivitéit ugepasste Kleeder/Verkleedung, gutt Laun a vill Honger!