Rover-Explorer-Sortie


Event Details


Léif Explorer, léif Rover,

Eng grouss Katastroph ass geschitt, mee leider konnte mir d’Fantastic Four net erreechen.

Elo mussen d’Ersatzhelden an den Asaz: de Laange Larry, déi bal onsiichtbar Madamm, de mënschleche Fixspoun an den Déngens.

Bass du prett, hinne bei de schwéieren Aufgaben ze hëllefen, déi op se duerkommen?

Lénks Patt,

d’Explorer- an d’Rovercheffen

  • Depart: 06.12.2025 um 10:00 beim Scoutshome
  • Wou ass d’Aktivitéit: Scoutshome
  • Retour: 06.12.2025 um 22:00 beim Scoutshome
  • Präis: 10€, ze iwwerweisen
  • Aschreiwung: bis den 29.11.2025 per E-Mail un rover@dachsen.lu an d’Souche um Rendez-vous ofginn
  • Material: Picknick fir mëttes
error: Content is protected !!