Léif Rover vun der FNEL,
Déi bescht Raclettesatmosphär fannt dir dëst Joer erëm bei eis.
Mellt iech un fir e gemittleche Raclettesowend zesumme mat äre Rover-Frënn aus dem ganze Land.
Dir braucht just gutt Laun an en eidele Mo.
Mir freeën eis schonn,
d’Roverekipp vun der FNEL
- Depart: 23.10.2026 um 19:30 beim Home vun de Mamer Wiselen
- Wou ass d’Aktivitéit: Home vun de Mamer Wiselen, 109 route d’Arlon, Mamer
- Retour: 23.10.2026 um 22:00 beim Home vun de Mamer Wiselen
- Präis: 15€, ze iwwerweisen op de Kont “FNEL POW WOW” LU95 0030 0457 4525 6000 mat der Mentioun “ROVERRACLETT‑Numm‑Grupp”
- Aschreiwung: bis de 17.10.2026 iwwert dëse Link
