Raclette Owend


Event Details


Ooo ee Schwäizer …

Déi bescht Raclettesatmosphär fënns de dëst Joer erëm bei eis.

Komm op e gemittlechen Owend mat all denge Scoutsfrënn aus der ganzer FNEL!

Du brauchs just gutt Laun an en eidele Mo.

Mir freeën eis schonn,
d’Roverekipp vun der FNEL

  • Depart: 18.10.2024 um 19:30 am Home Bei den Aigles
  • Wou ass d’Aktivitéit: Home Bei den Aigles, 30 montée des Tilleuls, Lëtzebuerg
  • Retour: 28.09.2024 um 22:00 am Home Bei den Aigles
  • Präis: 15€ (fir 1 Iessen an 1 Gedrénks), ze iwwerweisen op de Kont “FNEL Scouten Programme” LU95 0030 0457 4525 6000 mat der Mentioun “Rover Raclette – Numm – Grupp”
  • Aschreiwung: bis den 13.10.2024 iwwert dëse Link

error: Content is protected !!