Organiséiert vun Tembo fir Tembo, ass den Tembo Dag eng Opportunitéit fir sech selwer erëm als Scout wéi fréier ze fillen. Um Misärshaff gëtt baussen um Feier gekacht, um Juck oder am Zelt geschlof an natierlech gi vill Spiller dobausse gespillt. Do sinn natierlech Klassiker wéi Wikingerschach a Mölki dobäi awer och méi nei Spiller wéi Cornhole a Spikeball wäerten offréiert ginn.
Den Dag drop ass och de Maart um Haff. Et gëtt also d’Méiglechkeet Samschdes owes um Tembo Dag ze schlofen.
Wann s du also Loscht hues op een Dag, wou sech alles rëm ëm dech an däi Stamm dréint, da mell dech séier fir den Tembo Dag un a schreif der den Datum an de Kalenner!
- Depart: 29.03.2025, ab 9:00 um Misärshaff. Ab 9:00 ass all Mënsch wëllkomm, et ass awer och guer kee Problem fir méi spéit dozou ze stoussen.
- Wou ass d’Aktivitéit: Misärshaff
- Retour: 29.03.2025 um Misärshaff. U sech gëtt et keen offizielle Schluss vu dass den Tembo-Dag gemittlech an de Maart um Haff iwwergeet. 🙂
- Präis: 15€, ze iwwerweisen op de Programmskonto vun der FNEL LU95 0030 0457 4525 6000
- Aschreiwung: bis den 22.03.2025 iwwert dëse Formular
- Material: Foulard, Gamelle, Besteck, Kichenduch, Becher, dem Wieder ugepasste Kleeder, eventuell Spiller