Events at Scoutshome

Scoutshome J. Norbert Arend
19, rue des Écoles
L-4994 Schouweiler

Mir ginn duerch Schuller a Sprénkeng Material sammele fir d‘Buergbrennen a fir e klengen Don entgéint ze huelen deen hëllefe soll d‘Onkäschte vum Buergbrennen ze decken. Wichteg: vergiesst Uniform a Foulard net!!

Fakelzuch wann et däischter ass an uschléissend Buergbrennen Jiddereen ass invitéiert ab 18:00 bei den Home ze kommen. Mir doen natierlech all eise Foulard un! Soubal d’Buerg brennt, sinn d’Eltere gebieden hir Kanner nees bei sech ze huelen.

Moie léif RovEx, Erwecht de Biber an iech; schäerft är Schneidzänn a klappt mam Schwanz op de Buedem well et gëtt vill ze schaffen. Brieder musse geseet, Bamstämm gespléckt, a Feierholz gestapelt ginn. Mir brauchen de ganze Stamm fir all dei virgesinn Aarbechten ze bewältegen, dofir kommt alleguer! Et gëtt och eppes ze knabberen 😉

Un all eis Memberen, d‘Amicale, Elteren a Frënn vun den Dachsen a vun der Natur. A Kollaboratioun mat der Ëmweltkommissioun organiséieren d‘Dippecher Dachsen nees eng Grouss Botz an der Gemeng. Hei geet et drëms am ëffentleche Raum vun eisen Dierfer d‘Natur vun deem Offal ze befreien dee vu verschiddenen Zäitgenossen do hannerlooss ginn ass. Et