Dippecher Dachsen
Scouten a Guiden aus der Gemeng Dippech
Beaver
D’Beaver liewen zesummen an enger Kolonie a gi vun enger jonker, dynamescher a motiveierter Equipe geleet.
Wëllef
Wëllefcher nennt een d’Scouten am Alter vun 8-11 Joer.
Mir liewen zesummen an der Meute, déi bei verschiddenen Aktivitéiten an kléng Ennergruppen vun 6-8 Wëllefcher (Sizaine genannt) agedeelt gëtt.
Trupp
D’Scouten a Guiden, d’Branche vun 11 bis 15 Joer, gëtt och nach Trupp genannt.
D’Scoute liewen a schaffen hei a Patrullen, a klénge Gruppe vu 6 bis 8 Jongen an Meedercher. Des kléng Gruppe schaffe wäitgehend autonom ënnert der Féierung vu jeeweils engem Chef de patrouille (CP) an engem Second de patrouille (SP).
RovEx
D’RovEx ass d’Branche wou d’Rover an d’Explorer sech zesumme fannen fir hier Aktivitéiten ze plangen an ze liewen.
D’Explorer sinn Jonker zwëschen 15 an 18 Joer.
D’Rover sinn Jonker zwëschen 18 an 26 Joer.
Vill vun hinnen sinn och schonn aktiv als Chef an den aneren Branchen.
To find out more, including how to control cookies, see here: Cookie Policy